| has gloss | ltz: Bandbio DBand Unspoken Logic gouf 2003 vum David, Tom a Joe zu Suessem an engem Keller gegrënnt. No enger kuerzer Zäit koum de Ronny mat enger 2. Gittar als Verstäerkung an dBand. Dunn hu si och direkt ugefaangen, hir éischt Stécker ze schreiwen. Si hunn dëse Keller awer séier opginn a sech no bessere Méiglechkeeten ëmgekuckt. Si hunn op Plaze wéi dem Pompjeesschapp zu Suessem an dem Jugendhaus zu Zolwer geprouft. Während deeër Zäit koum, no puer Sängerauswiesselungen, den Fabrice an d'Band an du war Unspoken Logic komplett. Zënterdeem si se an deeër Formatioun bekannt wéi se am Moment optrieden. Zënter dem Joer 2006 prouwe sie offiziell an der Rockhal. |